Méigleche Pisten zum Emgang mat sensibelen Inhalter am Kontext vun der Schoul.
An de Schoulen tauchen emmer neess Diskurser, Handlungen a Biller op, déi altersbedingt do näischt verluer hunn. Fundamental Wäerter ginn heibäi oft net respektéiert a kënnen zu enger urgenter Gefor fir d’Kanner a Jugendlecher féieren. Net nëmmen de kierperlechen, ma och de séileche Schued dee kann ugeriicht ginn, kommen op all eenzelnen a seng Wahrnehmung un. Dofir gëllt et am Emgang mat sensibele Phenomener a Schoulhäff, Klassesall, um Schoulwee an an der Fräizäit à l’écoute ze sinn wat déi Eruwuessend beschäftegt an op verschidde Prinzipien als Erwuessene Wert ze leeën an Verantwortung ze iwwerhuelen, do wou dëst verlangt ass:
- Sech dem Sënn vun Altersbegrenzunge bewosst ginn an dëst ënner Erwuessenen (Réuniounen mat Elteren/ ënner Enseignanten / ënner Elteren) awer och mat de Kanner thematiséieren (FSK - Alterseinstufungen und FSK-Kennzeichen)
- Medienerzéiung eescht huelen (kritescht Hannerfroen vun Filmer mat sensibelen Inhalter; Ënnerscheed tëschent Fiktioun a Realitéit, …)
- Op Temoignage vu Kanner agoen, wou evtl. wëllen iwwer Suiten schwätzen wou se eppes gesinn hunn, wat se besser net gesinn hätten.
- Beesecure als Ressource notzen. (https://www.bee-secure.lu/de/news/squid-game-was-eltern-ueber-die-angesagte-netflix-serie-wissen-muessen/?fbclid=IwAR221VUpFTWd9xpVZ-tNSrsBGucb2Qz1I6NAX5zWV8X9R-nKKnF1Db5eKnk )
- Erausfannen, wou Kanner iwwerall Accès op sensibel Inhalter hunn.
- Den Elteren a Kanner bewosst maachen, dass d’Schoul eng Hëllef a sou Fäll ass an eng Ulafstell heivir bidd. (ESEB, Schoulpsychologue,…)
Weider Links :
lhttps://www.klicksafe.de/materialien/challenges-alles-nur-spass/
Kommunikatioun vun der CNEF VIESO