Gleef net

Am Kader vun der Expo "Gleef dat net...! Théories du complot, hier et aujourd'hui" am Lëtzebuerg City Museum bidde mir fir Schoulklassen aus dem Enseignement Secondaire ee Workshop a Kollaboratioun mat Bee Secure un. 

De Workshop vun zwou Stonnen ass an zwee Deeler: Den éischten Deel besteet aus enger Visitt vun der Expo a soumat enger Intro fir d'Schüler an d'Geschicht an de Wandel vu Verschwierungstheorien. Am zweeten Deel léieren d'Schüler wéi si sech konkret virun Desinformatiounen am Internet kënne schützen. 

De komplette Workshop dauert 2 Stonnen. Weider Informatiounen, Datumen an Auerzäite wéini mir de Workshop ubidden, fann dir am ugespéngelte Flyer. 

Umelle kann een sech bis den 01. Oktober inclus per Mail un visites@2musees.vdl.lu.